Jugendspiller
Matcher
Eemol an der Woch spillt deng Jugendekipp e Championatsmatch an all drëtt Woch kanns de och e Frëndschaftsmatch spillen. Du méchs deng Opstellung virum Match a wiels d'Taktik fir de Match, genee wéi s de dat och scho fir d'Profisekipp méchs. Wa keng Opstellung gemaach gouf, oder se net komplett ass, siche sech d'Jonge selwer eng Opstellung. Se stelle fir d'éischt e Goalkeeper op. Dono siche se Verteideger (maximal fënnef), dono Mëttelfeld a Bande (maximal fënnef) an dann um Enn Stiermer (maximal dräi).