Jugendspiller
D'Jugendliga
Deng Jugendekipp kënnt an Jugendliga, déi s du selwer gewielt hues, oder du kanns deng eege Liga grënnen. An enger Jugendliga kënne 4, 6, 8, 12 oder 16 Ekippen sinn, an d'Liga ka privat (de Grënner vun der Liga invitéiert d'Leit an d'Liga) oder ëffentlech (jiddereen dierf an d'Liga kommen). De Grënner vun der Liga kann och wielen, wéini d'Matcher solle gespillt ginn. Wann eng Liga mat Ekippen gefëllt ass, fänkt se automatesch un.